All posts by gilles.baum

Reform vum Kannergeld: Wat ännert fir mech?

Wat aennert sech elo konkret wann d’Gesetz bis a Kraft trëtt:

Baséierend op daitschen a schwaizer Etuden déi festhalen, dass e weidert Kand an engem Stôt nët proportionnel méi zu de Käschten baidréit, waert de “groupe familial” d.h. di proportionnel Staffelung ofgeschaf gin.

E Kand ass e Kand, an et waert fir all Kand, dat nom Stéchdag op d’Welt kënnt, dee selweschten Montant vun 265 Euro ausbezuelt gin.

Dëse Montant setzt sech zesummen aus dem jetzegen Kannergeld + Kannerboni an ass no uewen ugepasst gin.

D ‘Majoration d’age get vun elo 16,17 €op 20€ ugepasst fir Kanner ab 6 Joër, a vun 48, 52 € op 50€ ugepasst fir Kanner ab 12 Joër.

Dir gesidd also, et waert esouguer fir d’Familljen e bessi méi eraus sprangen wéi bis elo!

plan360-familie-von-axa

E puer Beispiller:

Eng Famill huet scho Kanner a well keng weider Kanner:

  • fir si bleift alles beim alen, si behällt hirt integralt Kannergeld !

Eng Famill huet schon 2 Kanner a kritt nach en 3. Kand:

  • déi Famill behällt hirt Kannergeld a kritt 265 € fir dat next Kand

Eng Famill huet 1 Kand

  • dës Famill kënnt an den neien System, kritt 265€ fir hirt Kand a 265€ fir all weidert kand

Eng Koppel huet nach keng Kanner:

  • et gin 265 € fir all Kand wat op d’Welt kënnt

D’Allocation de rentrée scolaire, d’Schoulgeld also, get no uewen ugepasst:

Schulmaterialien115€ fir e Kand tescht 6 an 12 Joër, dh e Kand daat an Primaireschoul geet. Dee Montant ass just liicht no uewen opgeronnt ginn, well an der Primärschoul d’Bicher jo gratis sinn.

Fir déi Kanner ab 12 Joer get dee Montant unique deen elo fir 1 Kand bei 161,67 € op 235€ gehuewen fir der Tatsaach Rechnung ze droen, dass am Lycée d’Käschten effektiv méi héich sinn. Dobäi ass ze bemierken dass de Groupe familial dee beim Kannergeld ofgeschaaft get, och beim Schoulgeld  net méi wäert existéieren.

Familljepolitik – méi wéi just Kannergeld

Am Kader vun de Chamberdebatten zur Lag vun der natioun d’lescht Woch goung et natierlech och ëm d’Reformen am Beraich vun der Familljepolitik.

photo de familleNach virum Summer waert e Gesetzesprojet dat neit Kannergeld regelen : well ee Kand esou vill waert ass wéi en anert, waerten d’Elteren vun deenen Kanner, déi no der Reform op d’Welt kommen, fir all Kand 265€ de Mount kréien – daat as bei waitem den héchsten Betrag an der ganzer EU.

Déi Familljen, déi elo schon Kanner hun, behalen genau dat selwescht Kannergeld ewéi bis ëwell, esou dass keen méi schlecht ewech kënnt ewéi bis elo.

Doniewt waerten aner Mesuren dofir suergen dass d’Familljen gestärkt gin well kee Kand zu Lëtzebuerg am Armut opwuessen soll.

Den neien Congé parental as net nëmmen finanziell méi interessant, mee hien bidd och nei Modeller un, déi et erlaben Famill a Beruff besser openeen ofzestëmmen : niewt dem klasseschen Modell 6 Méint ganz oder 12 Méint hallef, waerten d’Elteren och kënnen 4 Méint ganz oder 8 Méint hallef huelen. De « fractionnéierten Modell » erlaabt ët 80% ze schaffen während 20 Méint respektiv 4 Méint zur Auswiel während 20 Méint beim Kand ze bleiwen. Mir sin iwerzeegt dass elo nach méi Pappen a Mammen waerten an de Genoss vum Congé Parental kommen.

Ab 2017 waert och di zweesproocheg Kannerbetreiung fir Kanner vun 1-4 Joër ulafen. Hei waerten d’Elteren vun bis zu 20h gratis d ‘Woch kënnen profitéieren, well di kleng schon fréi un eng 2.Sprooch erun gefouert gin.

Bei der Subventioun-Loyer, déi sait Januar a Kraaft as fir manner gudd gestalten Familljen beim Loyer ënnert d’Aerm ze graifen, as e wichtegen Critère fir d’Héicht vun dëser Hëllef grad d’Unzuel vun de Kanner.

Och eng Rei Moosnahmen aus der Steierreform waerten d’Familljen weider ënnerstëtzen  : esou waert de Credit d’Impot monoparental verduebelt an och no sozialen Criteren gestaffelt gin, fir nëmmen dëst ze nennen !

Dir gesidd, Familljepolitik as vill méi wéi just Kannergeld.

Familljepolitik muss awer och ëmmer Hand an Hand goën mat der Bildungspolitik. Bildung ass nämlech dee beschte Wee, fir Chancen a Perspektiven fir eis Kanner ze schafen.

D’Grondlagen fir schouDSC01420lesche Succès ginn an de ganz jonke Jore geluecht. Net alleng, awer och mat Hëllef vun enger qualitativ héichwäerteger Kannerbetreiung, mat enger méisproocheger Betreiung a mat enger Betreiung, déi och fir jiddweree finanziell méiglech ass. Fir d’Kanner méiglechst gutt op eis Schoul ze preparéieren musse mer virdrun usetzen, an zwar bei der Kannerbetreiung. Nëmmen esou kënne mer d’Chancë vun all Kand, onofhängeg vu sengem sozialen, familiären, kulturellen oder sproochlechen Hannergrond verbesseren.

Mir wësse jo alleguerten, dass d’Sproochen den Haaptproblem fir vill Kanner a Jugendlecher duerstellen, wann ët ëm de schouleschen Erfolleg geet.

Wou also kënne mer den Hiewel am beschten an am sënnvollsten usetzen ? Et ass eng Tatsaach, dass d’Kanner a ganz jonke Joren immens liicht ophuelen, wann ët ëm d’Léiere vu Sprooche geet. Firwat also dës Méiglechkeeten net geziilt notzen? Frad wann ee weess wéivill Kanner hei am Land kee lëtzebuergesch méi doheem schwaetzen.

D’DP wëll, dass eis Schoul integréiert an nees zu engem soziale Lift gëtt.

DP setzt sech fir e Schoulsystem an, an deem all Kand seng Chance huet ze reusséieren.

D’ Kanner sin d’Zukunft vun eisem Land, an déi lait der DP immens um Haerz.

E puer Gedanken zum Accueil vun de Flüchtlingen

160 Mënschen aus dem Irak.
129 Mënschen aus Syrien.
68 Mënschen aus dem Afghanistan.
Dat sinn d’ Zuele vun de Flüchtlingen déi am November zu Lëtzebuerg ukomm sinn an d’protection international ugefrot hunn. Dat si Männer, Fraen a Kanner déi de wäite Wee aus hirer Heemecht op sech geholl hunn, fir an engem frieme Land no Fridden ze sichen. Déi 357 Persounen hate Chance. Chance net ënnert den 3.000 Persounen ze sinn déi dëst Joer hiert d’Liewen um Wee an Europa gelooss hunn. D’Chance eng Perspektiv, eng Zukunft an engem séchere Land ze fannen.

All eis politesch Beméiunge mussen a Richtung vun enger europäescher Léisung goen. Ënnert lëtzebuergescher Présidence ass een Ufank erreecht ginn. 160.000 Flüchtlinge wäerten aus Italien a Griicheland an déi verschidde Memberlänner verdeelt gin.

Dat ass awer nëmmen een Deel vun der Flüchtlingsproblematik. Een aneren Aspekt ass dee vun de Konditiounen an deene déi Leit opgeholl ginn. Dës Woch wäert d’Chamber ee Gesetz stëmme wat den Empfang vun den Demandeur de protection international regelt. Dat fänkt mam Hebergement un, geet iwwert d’Betreiung an hällt bei den finanzielle Mëttel op ( mir schwätzen hei vu ronn 26€ de Mount, ech widerhuelen 26€de Mount fie en Erwuessenen). Fir dat bescht aus der Situatioun ze maachen, ginn déi Aspekter alleng awer net duer. Ech si frou dat eist Land sech e Gesetz gett wat déi europäesch virgeschriwwe Regelung ëmsetzt.
Mir wëssen dat fir déi 357 Flüchtlinge vun deenen ech am Ufank geschwat hunn, d’Chance gudd stinn de Statut ze kréien. Déi Zäit während där si op eng Decisioun vum Ausseministère waarden, soll kéng Zäit méi si wou et him verbueden ass sech z’engagéieren. Et ass nämlech festgestallt ginn dat déi gezwongen Ontätegkeet d’Persounen ofhängeg vum System mescht a sie dono Schwieregkeeten hunn sech an d’Gesellschaft z’integréieren.
An Zukunft soll et de Flüchtlingen erlaabt sinn um Liewe vun der Struktur an där si liewen Deel ze huelen a kléng Aarbechten z’ënnerhuelen.

Wann ënnerhalb vu 6 Méint kéng Decisioun iwwert de Statut getraff ginn ass, kritt den Demandeur Accès op den Aarbechtsmarché. Hien huet dann déi selwecht Méiglechkeete wéi aner Drëttstättler. Dës Mesure soll de Risiko vu sozialer Ausgrenzung veréngeren an d’Autonomie förderen. Och den Accès fir d’Formatioun professionnelle geet der nämmlechter Iwwerleeung no.

Selbstverständlech ginn d’Kanner esou séier wéi méiglech an d’Schoul geschéckt fir d’Integratioun ze förderen. An der Regel kënnen si no 6 Méint relativ gutt franséisch a lëtzebuergesch schwätzen. Sie sinn déi beschte Bréck fir d’Elteren déi da vun de Kanner bei der Verstännegung gehollef kréien.

6b8c6b1cd430a9194cc6c8d59133c86b

Fir datt déi Leit awer wierklech Perspektiven hunn mussen se sech och hei integréieren – dat heescht an enger éischter Phase iwer d’Schoul an d’Arbecht. Wann si och weiderhin hir Relioun sollen daerfen ausüben, sollen sie eng vun den 3 Landessprochen léieren a si mussen eis Kultur an eis Liewensweis akzeptéieren an respektéieren.

E grousst Kompliment geet awer un déi vill Fraiwëlleg an un d’Gemengen, déi hirt bescht maachen fir de Leit en Daach iwer dem Kapp ze bidden.

Mir mussen denen Leit, déi virum Krich fortlafen, dobai hëllefen sech an eiser Gesellschaft erem ze fannen, fir dat si sech en neit Liewen opbauen kënnen.

An ech sin iwerzeegt, dass mir dat all zesummen packen !

Steier-Reform: vun Zuelenspillecher a politeschem Courage

Den CSV-Deputéierte Gilles Roth verdeelt elo schon di aktuell an ze erwaardend Méi-Recetten, déi d’Strukturmesure vun der Regierung bis elo bruecht hunn an nach wäerte bréngen. Dahand-geldt ass d’Conclusioun, déi een no sengem Artikel vun e leschte Freideg zéie muss. (“Aufschwung durch Entlastung”, Lëtzebuerger Wort vum 14. August 2015 )

Den CSV-Steierexpert profitéiert vum politesche Summerlach fir eng Entlaaschtung vu 15-20 Prozent queesch duerch d’Steiertabell ze fuerderen an elo scho Kaddoen ze verdeelen. An dat nodeems d’CSV-Finanzministere sech jorelaang géint esou eng Reform gestäipt hunn.

Vill Ongereimtheete geet et awer leider bei de proposéierte Pisten. De Gilles Roth fuerdert op der enger Säit, datt jidderee soll entlaascht ginn. Hie proposéiert awer op där anerer Säit fir de Spëtzesteiersaz eropzesetzen. Wou ass do d’Kohärenz?

Dann, d’Baisse vun de Steieren op de Privatpersoune soll duerch méi eng héich Consommatioun an duerch méi Emploi ausgeglach ginn. Da stellt sech awer d’Fro, em wéi vill d’Lounmass, respektiv d’Consommatioun da missten erop goe fir eng Baisse vu 15-20% auszegläichen?

A wat heescht dat fir d’Besteierung vun den Entreprisen? Hat de Gilles Roth net bei de leschte Budgetsdebatte gefuerdert, datt d’Betriebsbesteierung massiv op 15-18 Prozent sollt erof gesat ginn? Wou ass do d’Linn vun der CSV, wann deen Taux elo  soll bleiwen?

Hunn d’CSV-Finanzexperten net ëmmer gewarnt, datt een sech net soll ze vill op Wuesstems-Zuelen an op Wuesstems-Projektioune verloossen? Sinn d’Finanzexperte vun der CSV do net e bëssi keck? Wou ass déi roueg Hand bliwwen?

Mam Zukunftspak huet d’DP gewisen, dass se de Courage huet fir eng Partie strukturell Mesuren ze ergräifen, fir dass eist Land finanziell net an d’Mauer rennt. Déi éischt positiv Auswierkungen dovunner sinn elo ze spieren. Et geet awer net drëms fir an d’Euphorie ze verfalen a Verspriechen ze maachen, déi d’Strooss net halen!

D’ DP beweist weider Courage andeems mir mat der néideger Serenitéit un enger Steierreform schaffen, déi fir méi Gerechtegkeet steet an am Interêt vun de Steierzueler a besonnesch de Familljen wäert sin.

Vu politeschen Néierlagen an politeschem Anstand

 

Den Image vun der Politik ass säit Joren net den allerbeschten. E Manktem un Interessi a Vertrauen huet sech bei de Leit ageschlach. Wéi oft hunn ech elo scho Sätz wei „Politik ass e knaschtegt Geschäft !“, „Als Politiker muss du e breede Réck hunn !“ oder „Déi schaffen dach all fir sech“ héieren ?Photo officielle

 

Ech muss soen, datt ech déi Viruerteeler am Allgemengen net bestätege kann. Déi allermeeschte Politiker déi ech bis elo kenne geleiert hunn, op bei der Konkurrenz oder der eegener Partei,  setzen sech ganz alleng fir d’Saach a fir hir Iwwerzeegungen an.

 

Déi grouss Majoritéit vum Land huet am Kader vum Referendum bewisen, dass zu Lëtzebuerg flott, animéiert a fair Diskussioune méiglech sinn – iwwert gesellschaftlech Froen déi net einfach waren. Och wann ech den Ausgang vum Referendum bedaueren, sinn ech zefridden iwer d’Aart a Weis, wei déi meeschte Politiker a Bierger sech deem Debat gestallt hunn.

 

Leider gëtt et wéi iwwerall och an der Politik Ausnahmen zur Regel. Ech bedaueren, datt virun allem Vertrieder vun enger Partei sech derzou entschloss hunn de Wee vun enger fairer politescher Ausenanersetzung, déi vum géigesäitege Respekt geprägt ass, ze verloossen. Ech schwätzen vun der ADR, déi an der Referendumscampagne bewosst falsch Informatioune verbreet huet an och net gezéckt huet de Mann am Plaz vum Ball ze spillen.

 

Virun allem déi dräi ADR-Deputéierten hunn et sech net huele gelooss de Leit permanent matzedeelen, datt de Xavier Bettel Nee-Wieler als „domm“ oder „rassistesch“ bezeechent hätt. Datt déi Aussoën total aus dem Kontext gerappt sin an de Staatsminister déi Wierder ni an de Mond geholl huet, ass gewosst.. Och d’Verbreeden vun trückéierten Fotoën um Internet fannen ech méi wéi verwerflech ! Mam Staatsminister senger Politik muss een als politeschen Géigner net d’accord sin – mee hien as a bleift eng Respektspersoun an déi perséinlech Urempelungen an an no der Campagne sin inakzeptabel!

 

Esou ee Behuelen ass engem Volleksvertrieder net würdeg an entsprécht net mengem Bild vun der Politik. E Volleksvertrieder huet eng Virbildsfunktioun ze erfëllen. Wei sollen d’Leit Respekt viru Politiker hunn wann déi selwer ënnerteneen net respektvoll mateneneen ëmgin?

 

Ech hoffen, datt dës Aart a Weis an der Politik sech net duerchsetzt.

Am anere Fall misst ech leider och soen : „Politik ass e knaschtegt Geschäft !“

Wielen daerfen mat 16 ?

Am Kader vum Referendum vum 7.Juni waerten d’Leit gefrot gin, ob een d’Walrecht soll opmaachen ab 16 Joër ,  fir jonk Leit, déi sech fir d’Politik intresséieren.

Et ass also NET esou, dass all Jonken MUSS wielen goën, neen nëmmen déi Meedecher a Jongen, déi sech aschreiwen gin well et si intresséiert, daerfen dat dann och maachen a matwielen – sou wéi dat z.B. an 9 daitschen Bundesländer an an Eistraich (A) de Fall ass.

youth

Wat kann een mat 16 alles schon maachen?

Mat 16 kann een schaffen goën an Steieren bezuelen

Mat 16 kann een de Führerschain maachen ( conduite accompagnée) a schon Motorrad fueren

Mat 16 daerf een sech bestueden ( wann d’Elteren averstaan sin)

Mat 16 daerf een Alkohol an Zigaretten kafen goën an legal konsomméieren

Mat 16 kann een um Geriicht verurteelt gin wéi en Erwuessenen

Mat 16 huet een also schon eng ganz Rei Rechter a Pflichten, et kann een eng ganz Rei Entscheedungen fir sech a sai Liewen huelen.

Dann denken ech och dass e Jonke mat 16 , deen sech fir dat intresséiert, wat a sengem Land oder a senger Gemeng geschitt, och kann Kraizer op e Walziedel maachen.

Dofir  JO  zum fraiwëllegen Walrecht fir Jonker ab 16!

Firwat ech e Mëttwoch FIR den Tram stëmmen……

Ok, an der Rei, de Projet ass a sénger Gesamtheet vlaicht bis elo net genuch erklärt gin, an den TRAM ass, bewosst oder onbewosst, als Deel vum Konzept MODU (mobilité durable) erausgepickt gin well sech domatt Polemik maache léisst.

Den TRAM ass awer nëmmen een Deel, e Puzzlestéck vum MODU, dat Konzept waat eis soll a waert hëllefen, de Flux vun Leit déi mam Auto, Bus , Zuch – vu Lëtzebuerg oder aus de Grenzregiounen- an d’Stad schaffen kommen, besser ze kanaliséieren.

TRAMshowimage.php

Et ass nun emol esou, dass di meescht Arbechtsplazen an der Stad sin an weiderer do waerten entstoën:

– Kierchbierg

-Cloche d’Or / Ban de Gasperich

-Findel

Genau do wou vill Arbechtsplazen entstinn, genau dohinner muss a waert den Tram fueren.

Oder mir mussen eis Gedanken maachen ob mir nach wëllen dass Leit bei eis schaffen kommen? Wëllen mir weider Arbechtsplazen ubidden an esou eisen Wuelstand ofsécheren? Oder solle mir soën et ass ok wéi et elo ass –  mat allen Konsequenzen?

Di éischt Trace waert Enn 2017 vun der LUXEXPO bis op de Glacis fueren, op Héicht vun der Rouder Bréck entsteet ( am Dall natiirlech) eng Gare déi 12 Zich pro Stonn unhëllt ( 6 aus dem Norden, 6 aus dem Süden), wou d’Leit mat engem Funiculaire (Zahnradbahn) erop op de Kirchbierg transportéiert gin –  bis zu 6000 an der Stonn – fir dann mam Tram op eng vun den Statiounen um Kirchberg gefouert ze gin ( 8 Statiounen am ganzen ).

No 2017 kënnt dann d’Ubannung Glacis-Gare, an esou séier et méijlech ass Gare-Cloche d’Or respektiv Luxexpo-Findel.

Wéi gesoot, den Tram alleng geet net duer, dofir sin virgesin:

=> Optimiséierung vun alle Busservicer

=> Opfänkparkingen op de Grenzen vun onsem Land

=> Ausbau vum Schinnennetz Petange-Stad a Betebuerg-Stad

=> Opfänkparkingen vrun den Diren vun der Stad

fir dass d’Leit méi op den öffentlechen Transport ëmklammen well eis Stad packt dee ganzen Verkéier net méi laang!

Tram-Presentation_Une_nouvelle_vision_du_tram_-_version_longue_-_New

Di ganz TRAMlinn waert 24 Statiounen hun, dovunner 9 “pôles d’échange” wou d’Leit kënnen vun Bus oder Zuch op den Tram emklammen fir op d’Schaff.

Ech weess och dass 550 Milliounen Euro vill Suen sin, ech weess och dass Imprévuen kënnen optauchen, mee et ass ELO un der Zait de Projet TRAM ( mat allen aneren Projet’en am Konzept MODU) unzegoen – fir eis wirtschaftlech Staerkt ze ënnermaueren an domatter och Zukunft vun de kommenden Generatiounen ofzesécheren.

D’Regierung  – an dfbauschesem Fall den zoustännegen Minister Fränz Bausch – huet hei bewisen dass si e schwieregen Dossier kann ugoen an ëmsetzen – “en connaissance de cause” an ouni nach op Zait ze spillen, an daat ass gudd esou!

 

Wien sech nach méi am Detail wëll mam Projet befaasen, fënnt weider Informatiounen ënner :  http://www.luxtram.lu

Den neien Lënster Lycee

llj

Gëschter Moien haat ech mat de Memberen vun der Edukatiounskommissioun e ganz flotten Austausch iwwer den neien Lycee, deen zu Jonglënster seng Diren den 15.September dëst Joër opmecht.

Ech sin iwwerzeegt, dass dës Schoul en décken Plus fir eis Gemeng mat sech bréngt an d’Positioun vu Jonglënster als regionalen Zentrum am Osten weider waert hervir straichen.

Den Här Direkter Romain Kieffer esou wéi seng Leit aus der Directioun, de Marc Wilwert an den Tom Nober, hu mat vill Fachwëssen an Enthusiasmus vum Projet erzielt, an si sin frou wann et am September lass geet.

Mat dëser PP-Show kënnt dir Iech iwwer de Lënster Lycee informéieren – merci dem Marc fir d’Material.

Bonne Lecture

LënsterLycee

E klengen Interview….

Photo officielleGanz am Ufank, wéi ech nei derbai war, huet eng sympatesch Matarbechterin aus der Chamber dësen Interview mat mir gemaach:

Interview Dezember 2013

Op  chd.lu  fannt Dir alleguer d’Interviewen mat deenen neien Deputéierten an vill weider Informatiounen – vill Spaass beim Liesen!

Am “Wort” waren di “Nei” och alleguer kuerz virgestallt gin:

Interview WORT

….. an hei nach eng kleng Foto vun denen “nauen” Deputéierten aus dem Osten ( mam Tess Burton a Lex Delles)

fototesslexgilles