Merci!

merci_gilles_baum

Léif Awunnerinnen an Awunner
aus dem Gemengen Jonglënster a Betzder,

Op dësem Wee well ech, am Numm vun den DP-Kandidaten aus dem Bezierk Osten, all deenen Leit Merci soën, déi eis den 20. Oktober ën- nerstetzt hun.  Mat eiser jonker an dynamescher Ekipp hu mir et faerdeg bruecht, e gudd Resultat ze maachen an en 2. Sëtz ze kréien.

Daat bestätegt mech a menger Meenung, dass ee villes kann erreechen an ëmsetzen, wann een zesummen hällt an un engem Strang zitt.

Well d’Maggy Nagel Minister fir Wunnegsbau a Kultur gin ass, daerf ech niewt dem Lex Delles elo an der Chamber d’Geschécker vum Land mat- bestëmmen. Dëst ass fir mech eng ganz nei Aufgab, an déi ech mech waert mat vollem Asaz investéieren. Ech si mir bewosst, dass ech nach vill ze léieren hun, mee ech si frou dësen neien Challenge kënnen unzegoën.

Bal 20 Joër Beruffserfahrung an der Schoul hänkt een net vun engem Dag op den aneren un den Nol, dofir waert main Asaz besonnesch de Kanner gëllen. Ech daerf d’Familljen- an Integratiounskommissioun presidéieren, sin awer och Member an der Kommissioun fir Educatioun, Kanner a Jugend, der Kommissioun fir Emwelt an der Kommissioun fir nohalteg Entwécklung.

Politik mecht een net fir sech, Politik mecht een fir di kommend Generatiounen!

Wann dir mech wëllt kontaktéieren fir mir Ureegungen oder Kritiken mat op de Wee ze gin oder um politeschen Debat deel ze huelen, kënn dir daat gären maachen.

Ech well awer och vun der Geleegenheet profitéieren fir Iech all Guddes fir dat neit Joër 2014 ze wënschen.

Aeren DP-Deputéierten