Den Iwwerbléck kréien….

Photo officielleLues a lues fänken ech un den Iwwerbléck ze kréien iwwer di parlamentaresch Arbecht , an och iwwer d’ “rouagen”, d.h. iwwer d’Prozeduren am neien Job.

Eng gudd gefëllten Woch lait hannert mir, eng genee esou intressant Woch virun mir:

d’lescht Woch war den Neijorspatt vun der DP-Fraktioun mat der Presse, duerno war ech an der Petitiounskommissioun an méindes owes hu mir zu Lënster d’Elterevereenegung rëm beliewt.

En Dënsdeg war ech an der Fraktionssitzung a mëttes an der Chamber, zwëschenduerch mat de Kollegen Lex Delles an Armand Jaminet bei engem Mëttegiessen d’Jalon’en gesaat fir eis next Schwéierponkter am Beziirk Osten.

E Mëttwoch war ech an der Commission de l’Environnement, an der Commission du Développement Durable an och nach mëttes op enger Versammlung vun alle Presidenten vun de Chamberkommissiounen. Owes hun ech mam Fränz Ries 2 Ponkten beschwaat an virbereed fir de Gemengeroot zu Lënster.

AVRGanz emotionell war d’Iwwerreechung vum Janusz Korczak Prais vun der Fondation Kannerschlass un den AVR (Association des Victimes de la Route) : eng schéi “leçon de courage” vun deene Leit, déi vun hirem Liewen no hirem Accident erzielt hun. Daat waar ganz ergraifend, ech bewonneren de Mutt, mat deem d’Affer hirt Liewen all Dag meeschteren.

Freideg de Moien RDV a “menger” Klass zu Roodt/Syre an mëttes mam Conseil  de Prévision an der Finanzkommissioun: 2015 , wann d’TVA vum e-commerce ewech fällt, gëtt fir d’Staatsfinanzen richteg hefteg.

E Freideg hat ech  en Artikel am  DLandZu_Gast_im_Land_1_2014 ; di selwescht Zeitung schreift vun enger “ökosozialliberale Koalition” – gefällt mir besser wéi Gambia!

Ganz flott war den Empfank vun de Privatwënzer e Freideg den Owend am “Waibuer” zu Wormer beim Erny Schumacher-Lethal. Deen huet eis exzellenten Crémant zervéiert!

Haut gin ech op d’Ovation vu mengem Kolleeg Lex Delles op delles_lexMunnerëf, an den Owend gëtt et kulturell um traditionellen ” turbulenten Gala-Concert ” vun der Lënster Musék.

De Sonndeg steet am Zeechen vum FUTSAL ( Halenmeeschterschaft am Fussball ) mam 2. Tour vun de Scolaires zu Veianen!

 

Intressant……

Photo officielle

Déi éischt Januar – Woch war fir mech ganz intressant.

Ech haat e ganz flotten Austausch mat der Familljeministesch, hun awer och profitéiert, fir den Tour ze maachen vun deene Kommissiounen, an deenen ech net sin. Ech hun do just als Observateur deel geholl, waat mir awer d’Méijlechkeet gin huet, niewt dem Exposé vun de Ministeren hirem Programm och hir passerelleConseiller’en kennen ze léieren an d’Personal, wat an der Chamber schafft: et waren

d’Kommissioun fir Gesondheet an d’Kommissioun fir Sport en Dënsdeg,

d’Kommissioun fir Nohalteg Entwécklung e Mëttwoch

d’Economie, d’Héichschoul an den Intérieur en Donneschdeg

E Freideg war ech an meng Klass op Roodt/Syre, ech si frou dass alles leeft!

 

Dës Woch steet folgendes um Programm:

Méindeg : Affaires Etrangères (obs) a Famill ( wou ech Rapporteur vum Projet de loi 6502 gi sin)

Dënsdeg: Fraktiounssëtzung a Sport (obs)

Mëttwoch: Educatioun, Developpement Durable an Travail (obs)

Donneschdeg : Economie an Presentatioun vun der Ombudsfra hirer Arbecht 2013 an der Chamber.

Doniewt sin awer och nach owes virgesin:

– Natur&Emweltchambre-des-metiers-batiment

-Chambre des Métiers

-Waibau -Institut zu Remich

– Mullerthal -Trail

…..irgendwou do derteschent feieren ech dann och nach meng 41 Joër…

Iech all eng schéi Woch!