Den CSV-Deputéierte Gilles Roth verdeelt elo schon di aktuell an ze erwaardend Méi-Recetten, déi d’Strukturmesure vun der Regierung bis elo bruecht hunn an nach wäerte bréngen. Da
t ass d’Conclusioun, déi een no sengem Artikel vun e leschte Freideg zéie muss. (“Aufschwung durch Entlastung”, Lëtzebuerger Wort vum 14. August 2015 )
Den CSV-Steierexpert profitéiert vum politesche Summerlach fir eng Entlaaschtung vu 15-20 Prozent queesch duerch d’Steiertabell ze fuerderen an elo scho Kaddoen ze verdeelen. An dat nodeems d’CSV-Finanzministere sech jorelaang géint esou eng Reform gestäipt hunn.
Vill Ongereimtheete geet et awer leider bei de proposéierte Pisten. De Gilles Roth fuerdert op der enger Säit, datt jidderee soll entlaascht ginn. Hie proposéiert awer op där anerer Säit fir de Spëtzesteiersaz eropzesetzen. Wou ass do d’Kohärenz?
Dann, d’Baisse vun de Steieren op de Privatpersoune soll duerch méi eng héich Consommatioun an duerch méi Emploi ausgeglach ginn. Da stellt sech awer d’Fro, em wéi vill d’Lounmass, respektiv d’Consommatioun da missten erop goe fir eng Baisse vu 15-20% auszegläichen?
A wat heescht dat fir d’Besteierung vun den Entreprisen? Hat de Gilles Roth net bei de leschte Budgetsdebatte gefuerdert, datt d’Betriebsbesteierung massiv op 15-18 Prozent sollt erof gesat ginn? Wou ass do d’Linn vun der CSV, wann deen Taux elo soll bleiwen?
Hunn d’CSV-Finanzexperten net ëmmer gewarnt, datt een sech net soll ze vill op Wuesstems-Zuelen an op Wuesstems-Projektioune verloossen? Sinn d’Finanzexperte vun der CSV do net e bëssi keck? Wou ass déi roueg Hand bliwwen?
Mam Zukunftspak huet d’DP gewisen, dass se de Courage huet fir eng Partie strukturell Mesuren ze ergräifen, fir dass eist Land finanziell net an d’Mauer rennt. Déi éischt positiv Auswierkungen dovunner sinn elo ze spieren. Et geet awer net drëms fir an d’Euphorie ze verfalen a Verspriechen ze maachen, déi d’Strooss net halen!
D’ DP beweist weider Courage andeems mir mat der néideger Serenitéit un enger Steierreform schaffen, déi fir méi Gerechtegkeet steet an am Interêt vun de Steierzueler a besonnesch de Familljen wäert sin.