Wat aennert sech elo konkret wann d’Gesetz bis a Kraft trëtt:
Baséierend op daitschen a schwaizer Etuden déi festhalen, dass e weidert Kand an engem Stôt nët proportionnel méi zu de Käschten baidréit, waert de “groupe familial” d.h. di proportionnel Staffelung ofgeschaf gin.
E Kand ass e Kand, an et waert fir all Kand, dat nom Stéchdag op d’Welt kënnt, dee selweschten Montant vun 265 Euro ausbezuelt gin.
Dëse Montant setzt sech zesummen aus dem jetzegen Kannergeld + Kannerboni an ass no uewen ugepasst gin.
D ‘Majoration d’age get vun elo 16,17 €op 20€ ugepasst fir Kanner ab 6 Joër, a vun 48, 52 € op 50€ ugepasst fir Kanner ab 12 Joër.
Dir gesidd also, et waert esouguer fir d’Familljen e bessi méi eraus sprangen wéi bis elo!
E puer Beispiller:
Eng Famill huet scho Kanner a well keng weider Kanner:
- fir si bleift alles beim alen, si behällt hirt integralt Kannergeld !
Eng Famill huet schon 2 Kanner a kritt nach en 3. Kand:
- déi Famill behällt hirt Kannergeld a kritt 265 € fir dat next Kand
Eng Famill huet 1 Kand
- dës Famill kënnt an den neien System, kritt 265€ fir hirt Kand a 265€ fir all weidert kand
Eng Koppel huet nach keng Kanner:
- et gin 265 € fir all Kand wat op d’Welt kënnt
D’Allocation de rentrée scolaire, d’Schoulgeld also, get no uewen ugepasst:
115€ fir e Kand tescht 6 an 12 Joër, dh e Kand daat an Primaireschoul geet. Dee Montant ass just liicht no uewen opgeronnt ginn, well an der Primärschoul d’Bicher jo gratis sinn.
Fir déi Kanner ab 12 Joer get dee Montant unique deen elo fir 1 Kand bei 161,67 € op 235€ gehuewen fir der Tatsaach Rechnung ze droen, dass am Lycée d’Käschten effektiv méi héich sinn. Dobäi ass ze bemierken dass de Groupe familial dee beim Kannergeld ofgeschaaft get, och beim Schoulgeld net méi wäert existéieren.
