Intressant……

Photo officielle

Déi éischt Januar – Woch war fir mech ganz intressant.

Ech haat e ganz flotten Austausch mat der Familljeministesch, hun awer och profitéiert, fir den Tour ze maachen vun deene Kommissiounen, an deenen ech net sin. Ech hun do just als Observateur deel geholl, waat mir awer d’Méijlechkeet gin huet, niewt dem Exposé vun de Ministeren hirem Programm och hir passerelleConseiller’en kennen ze léieren an d’Personal, wat an der Chamber schafft: et waren

d’Kommissioun fir Gesondheet an d’Kommissioun fir Sport en Dënsdeg,

d’Kommissioun fir Nohalteg Entwécklung e Mëttwoch

d’Economie, d’Héichschoul an den Intérieur en Donneschdeg

E Freideg war ech an meng Klass op Roodt/Syre, ech si frou dass alles leeft!

 

Dës Woch steet folgendes um Programm:

Méindeg : Affaires Etrangères (obs) a Famill ( wou ech Rapporteur vum Projet de loi 6502 gi sin)

Dënsdeg: Fraktiounssëtzung a Sport (obs)

Mëttwoch: Educatioun, Developpement Durable an Travail (obs)

Donneschdeg : Economie an Presentatioun vun der Ombudsfra hirer Arbecht 2013 an der Chamber.

Doniewt sin awer och nach owes virgesin:

– Natur&Emweltchambre-des-metiers-batiment

-Chambre des Métiers

-Waibau -Institut zu Remich

– Mullerthal -Trail

…..irgendwou do derteschent feieren ech dann och nach meng 41 Joër…

Iech all eng schéi Woch!