Am Kader vum Referendum vum 7.Juni waerten d’Leit gefrot gin, ob een d’Walrecht soll opmaachen ab 16 Joër , fir jonk Leit, déi sech fir d’Politik intresséieren.
Et ass also NET esou, dass all Jonken MUSS wielen goën, neen nëmmen déi Meedecher a Jongen, déi sech aschreiwen gin well et si intresséiert, daerfen dat dann och maachen a matwielen – sou wéi dat z.B. an 9 daitschen Bundesländer an an Eistraich (A) de Fall ass.
Wat kann een mat 16 alles schon maachen?
Mat 16 kann een schaffen goën an Steieren bezuelen
Mat 16 kann een de Führerschain maachen ( conduite accompagnée) a schon Motorrad fueren
Mat 16 daerf een sech bestueden ( wann d’Elteren averstaan sin)
Mat 16 daerf een Alkohol an Zigaretten kafen goën an legal konsomméieren
Mat 16 kann een um Geriicht verurteelt gin wéi en Erwuessenen
Mat 16 huet een also schon eng ganz Rei Rechter a Pflichten, et kann een eng ganz Rei Entscheedungen fir sech a sai Liewen huelen.
Dann denken ech och dass e Jonke mat 16 , deen sech fir dat intresséiert, wat a sengem Land oder a senger Gemeng geschitt, och kann Kraizer op e Walziedel maachen.
Dofir JO zum fraiwëllegen Walrecht fir Jonker ab 16!
