Vu politeschen Néierlagen an politeschem Anstand

 

Den Image vun der Politik ass säit Joren net den allerbeschten. E Manktem un Interessi a Vertrauen huet sech bei de Leit ageschlach. Wéi oft hunn ech elo scho Sätz wei „Politik ass e knaschtegt Geschäft !“, „Als Politiker muss du e breede Réck hunn !“ oder „Déi schaffen dach all fir sech“ héieren ?Photo officielle

 

Ech muss soen, datt ech déi Viruerteeler am Allgemengen net bestätege kann. Déi allermeeschte Politiker déi ech bis elo kenne geleiert hunn, op bei der Konkurrenz oder der eegener Partei,  setzen sech ganz alleng fir d’Saach a fir hir Iwwerzeegungen an.

 

Déi grouss Majoritéit vum Land huet am Kader vum Referendum bewisen, dass zu Lëtzebuerg flott, animéiert a fair Diskussioune méiglech sinn – iwwert gesellschaftlech Froen déi net einfach waren. Och wann ech den Ausgang vum Referendum bedaueren, sinn ech zefridden iwer d’Aart a Weis, wei déi meeschte Politiker a Bierger sech deem Debat gestallt hunn.

 

Leider gëtt et wéi iwwerall och an der Politik Ausnahmen zur Regel. Ech bedaueren, datt virun allem Vertrieder vun enger Partei sech derzou entschloss hunn de Wee vun enger fairer politescher Ausenanersetzung, déi vum géigesäitege Respekt geprägt ass, ze verloossen. Ech schwätzen vun der ADR, déi an der Referendumscampagne bewosst falsch Informatioune verbreet huet an och net gezéckt huet de Mann am Plaz vum Ball ze spillen.

 

Virun allem déi dräi ADR-Deputéierten hunn et sech net huele gelooss de Leit permanent matzedeelen, datt de Xavier Bettel Nee-Wieler als „domm“ oder „rassistesch“ bezeechent hätt. Datt déi Aussoën total aus dem Kontext gerappt sin an de Staatsminister déi Wierder ni an de Mond geholl huet, ass gewosst.. Och d’Verbreeden vun trückéierten Fotoën um Internet fannen ech méi wéi verwerflech ! Mam Staatsminister senger Politik muss een als politeschen Géigner net d’accord sin – mee hien as a bleift eng Respektspersoun an déi perséinlech Urempelungen an an no der Campagne sin inakzeptabel!

 

Esou ee Behuelen ass engem Volleksvertrieder net würdeg an entsprécht net mengem Bild vun der Politik. E Volleksvertrieder huet eng Virbildsfunktioun ze erfëllen. Wei sollen d’Leit Respekt viru Politiker hunn wann déi selwer ënnerteneen net respektvoll mateneneen ëmgin?

 

Ech hoffen, datt dës Aart a Weis an der Politik sech net duerchsetzt.

Am anere Fall misst ech leider och soen : „Politik ass e knaschtegt Geschäft !“