Aus der Chamber

Déi éischte Kéier, bei der Vereedejung, hun ech mir schon geduecht:

WOW, bass du elo hei derbai !!!!chambre 1

No e puer Sëtzungen gëtt awer villes schon Routine well di Dossier’en, déi ofgestëmmt gin, jo am Virfeld an der Fraktioun an an de Kommissiounen virbereed gi sin.

Do héiert een dann awer oft daat selwescht well niewt dem Rapporteur vum “Projet de Loi”  och all Fraktioun dozou Positioun bezitt –  do kënnt et och mir vir dass ech net mi bis zum Schluss ganz konzentréiert sin….ech gi mir awer Méi fir jidder Riedner nozelauschteren, einfach och als Marque vu Respekt!

Ganz intressant waaren awer och dem Här Xavier Bettel seng Presentatioun vum Regiierungsprogramm an dem Här Jean-Claude Juncker séng “Vue” vun dësem Regierungsprogramm 2013-2018!

Ech sin der Meenung dass et och geet wa manner an der Chamber giff geschwat gin – mee et dofir mi op de Ponkt bruecht gëtt:

A méngen Interventiounen waert ech probéieren mech kuerz ze faassen – awer genee daat ze soën, wat muss gesoot gin: kuerz awer knackeg!Chamber_of_Deputies_of_Luxembourg

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *