Perséinlech

Joërgank 1973 hun ech en Deel vu menger Kandheet zu Leideléng a Betebuerg verbruecht, wou ech och an d’Spillschoul gaangen sin, éier ech 1979 op Jonglënster komm sin, fir do ni méi fort ze goën.Emetteur_de_Junglinster_en_2011

Besonnesch vill Zait hun ech mat menge Kolleegen op der Strooss, um Fussballterrain oder um Velo verbruecht, ëmmer dobaussen an ënner  de Leit.

Meng Primaireschoulzait huet mech mat Secherheet an der Wiel vu mengem spéideren Beruff geprägt.

1985 sin ech an de Jongelycée op de Lampertsbierg (LGL)  komm – schon deemols hun ech et missen anescht maachen wéi di aner, ass dach quasi meng ganz Klass op Iechternach an de Lycée gaang.lycee

Och do hun ech mir Kolleegen fir d’Liewen gemaach, mat deenen ech haut nach Kontakt hun. 1992 hun ech d’Première D gemaach (Eco), ouni awer jee drun geduecht ze hun mech berufflech a Richtung Wirtschaft, Finanzen oder Droit z’orientéieren.

Immens erliichtert waar ech wéi ech am Summer 1992 zu Walfer um ISERP ugeholl gi sin. Wann ech och an den éischten Stagen onsécher waar, hun ech, am Ëmgang mat de Kanner an de Léierinnen a Schoulmeeschteren, vill geléiert wat mir a menger beruflecher Carrière Freed a Satisfactioun gin huet.

De 15.September 1995 hun ech an der Schoul zu Roodt/Syre ugefaangen, dee Moment hun ech net dru geduecht 18 Joër méi spéit an d’Chamber ze kommen.

1995 hun ech och d’Carole Maisch vun Klengbetten kenne geléiert, a saitdeem gi mir eisen Liewenswee zesummen.carole

Kuerz drop si mir zesummen an e klengt Appartement wunnen gaangen, duerno an en Haischen zu Gonneréng éier mir op Krëschtdag 2004 zu Lënster an eist Haus geplënnert sin.

2000 ass de Pit als onehelecht Kand op d’Welt komm, d’Joër drop hu mir eis  bestued, ee Joër duerno koum d’Sophie!

No enger klenger kreativer Paus ass 2007 d’Claire op d’Welt komm, a viru kuerzem d’Hannah-Emilia.

An all denen Joëren haat ech d’Chance an d’Freed fir vill ze reesen, vill Leit a Länner kennen ze léieren, an als Famill bleift daat och an KEFAZukunft eng Prioritéit. Ganz besonnesch schéin fannen ech di Ionesch Inselen ( griischesch Inselen teschent Italien an Albanien )

 

Dem Fussball an all senge Formen waar ech ëmmer verbonnen, als Fan vum 1.FC Kaiserslautern, awer och als Kanner-Trainer an Member an der Jugendkommissioun vum Lënster Fussball.

An de Volet “Politik” liest Dir op enger anerer “Page” …

 

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *