Et war de Broch vun der schwarz-grénger Koalitioun a menger Heemechtsgemeng Jonglënster am Joër 1994 dee main Intressi un der Politik “ugestachelt” huet.
No den Nei-Wahlen, déi zu CSV/DP gefouert hun, sin ech regelméisseg an d’Gemengerotssetzungen gaangen, an hun do Leit wéi de Roland Weis, de Fränz Ries an de Robert Mertzig kenne geléiert; hir Astellung zur Politik huet mir am beschten gefall!
Kuerz drop sin ech ugeschwaat gin fir eng JDL-Sektioun ze grënnen, an 1996 sin ech Member an der DP gin. An de Komiteessëtzungen hun ech en éischten Abléck an de Fonctionnement vun enger Gemeng kritt; et war séier kloër dass ech 1999 sollt Kandidat fir d’Gemengewalen sin.
Am Kader vum Engagement bei der JDL hun ech de Claude Meisch an de Xavier Bettel kenne geléiert.
Haat DP bei den Tesche-Wahlen 1994 ronn 22% erreecht, sou waren et der 1999 schon 27%, waat zu enger DP/LSAP Koalitioun ënner dem Fränz Ries gefouert huet. Mat 26 Joër koum ech an de Gemengeroot, mat 29 gouf ech Schäffen zoustänneg fir d’Schoulen, Sport, Verkéier an d’Gemengenarbechter; ech waar eng onheemlech intressant Zait, wou ech vill geléiert hun, am Emgank mat Dossier’en awer och am Emgank mat de Leit.
Bei de Walen 2005 krut DP iwwer 30% an ech gouf 2.Gewielten op der Lëscht, mee mir koumen net méi an eng Koalitioun.
“Ayant fait mes preuves” hun ech 2006 d’Présidence vun der DP am Osten iwwerholl, en Engagement waat ech am “Nachhinein” besser si gelooss hätt: den Osten waar weder prett nach oppen fir e Generatiounswiessel, an 2009 hu mir e memorabel schlecht Resultat bei de Chamberwahlen agefuer.
“Augen zu und durch” – 2011 gouf meng DP-Ekipp stärkst Partei an der Gemeng (iwwer 31%), ech gouf 1. op der Lëscht, an awer si mir erëm nëtt an eng Koalitioun komm. Daat war eng grouss Enttäuschung an huet wéi gedoën! Et ass eis awer gelongen déi flott kolleegial Ekipp zesummen ze halen an eng konstruktiv a fair Oppositiounsarbecht ze maan.
Laang hun ech gezéckt fir 2013 “JO” ze soën, awer besonnesch d’Verschëldung vum Staat op Käschten vun de kommenden Generatiounen, d’Politik nom Motto “aprés nous le déluge”, huet den Ausschlag gin fir unzetrieden: an et waar eng SUPER Campagne mam Maggy Nagel, Carole Hartmann, Lex Delles, Joe Nilles, Marc Lentz a Jacques Sitz.
Den Ekippegeescht an d’Zesummenhalen hun eis erméijlecht, baal 19% vun de Stëmmen ze kréien an e Sëtz ze wannen, an dofir sin ech haut als Volléksvertrieder an der Chamber wëll d’Maggy verdéngterweis Minister fir Wunnegsbau a Kultur gin ass.
Elo gëllt et sech an Dossier’en eran ze schaffen, de Kontakt mat de Leit ze halen, um Terrain ze sin, ouni awer d’Gemeng an den Termin vum Oktober 2017 aus den An ze verléieren.
