Beruflech

Als Kand wollt ech Bäcker oder Paschtouer gin…..

mat der Zait hun ech awer gemierkt dass deen een ëmmer ganz fréi misst aus de Plommen an deen aneren keng Fra a keng Kanner hätt, waat mir net esou gefall huet.

An der Primaireschoul haat ech ganz aussergewéinlech Jofferen a Schoulmeeschteren, déi mech onbewosst an d’Direktioun vum Schoulmeeschter gedréckt hun.

Als Student hun ech verschidden Jobs gemaach: Schrainerei, Bureausaarbecht, beim Fieschter an …. op der Post! Als Bréifdréier zu Dummeldeng (Tour Weimerskirch a Millebaach) haat ech d’Chance an d’Freed vill a Kontakt ze kommen, eng Erfahrung un déi ech haut nach gären denken. Dem Bréifdréieschberuff sin ech haut nach ëmmer immens verbonnen!

Nom ISERP hun ech 1995 zu Roodt/Syre ugefaangen, a bis zum virleefegen Enn vu menger Carrière de 5.Dezember dest Joër hun ech all Klassen gehaat (ausser 3. Schouljoër), och “Classe orthopédagogique” an “classe d’appui”.ecole de Roodt

Ech war immens gären Schoulmeeschter, well ech gudd kann mat Kanner emgoën a well ech hir Spontanitéit bewonneren.

Besonnesch meng lescht Klass droën ech ëmmer bei mir: Hannah, Zoé, Emilia, Emma, Anita, Anna, Katharina, Caroline, Pit, Ben, Pol, Yann, Selwyn, Felix : dir sidd SUPER!

An ech frée mech all Freideg wéi e Kichelchen fir kënnen bei Iech ze kommen an Iech e bessi ze hëllefen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *