No bal 6 Méint kann een sech elo e Bild vun der Arbecht als Deputéierten maachen, an ech si frou dass wichteg a grouss Projet’en nach vrun der grousser Vakanz am Plenum evacuéiert gin!
Niewt der representativer Arbecht op offiziellen Uläss – wou ech mech haptsächlech op main Beziirk Osten konzentréieren – ass d’Arbecht an de Kommissiounen meescht ganz intressant….et gëtt awer och daer aner Deeg!
D’Leit froën mech alt firwaat net ganz vill Disziplin ass an der Chamber, dh an den öffentlechen Sëtzungen: abee, ech mierken et bei mir, wann e Gesetz an de Kommissiounen an an der Fraktioun virbereed gin ass, et huet een et ewell 4 mol héieren an dann kënnt et an d’Chamber, wou ALL Partei och nach daerf dono schwaetzen, dann huet een 10 mol quasi daat selwescht héieren, kee Wonner dass deen een oder aneren no enger Zait ofschalt! Trotzdeem ass de Riedner , ob politesche Géigner oder nëtt, ëmmer ze respektéieren.
Dës Woch gëtt et flott, de Projet TRAM steet zur Ofstëmmung: ENDLECH!