A wéi “archivage électronique”
B wéi “budget”
C wéi “couple” …..
Dat ware fir mech d’Schwéierponkten vun der leschter parlementarescher Woch.
D’ Ekonomie-Kommissioun as amgaang e Gesetz op de Wee ze bréngen, dat et erlaabt, Dokumenter elektronesch ze stockéieren;
domatt kéinten Banken, Administratiounen, Notairen, Affekoten vill Plaz spueren well net méi all Dokumenter mussen op Pabeier gehalen gin – eng elektronesch Ennerschrëft waer dann esou vill waert wéi eng handgeschriwwen. Dëst schéngt mir eng intressant “niche” ze sin, well nach keen EU- Land esou eng Legislatioun huet , doniewt loossen sech hei mat Sëcherheet eng Rei Arbechtsplazen schafen!
An der Finanzkommissioun huet de Minister Pierre Gramegna
matgedeelt, dass de Staat 2013 iwwer TVA ronn 220 Milliounen méi ageholl huet wéi virgesin, dëst awer besonnesch wéinst dem “commerce électronique” ( ebay, amazon….). Ab 2015 gëtt awer TVA an deem Land bezuelt, wou och bestallt gëtt!
Dowéinst waerten eis dann +-900 Milliounen feelen, fir de Budget am Glaichgewiicht ze halen – e Glaichgewiicht wat mir fir 2013 bal waerten erreechen! Kee Grond also fir an Euphorie ze verfalen, mee en Usporn fir Wéeër ze sichen, gesond Staatsfinanzen ze erhalen – ouni Suën léinen ze goën!
Nach virun Summer waert d’Gesetz iwwer de Krautmaart goën wat et erlabt, dass glaichgeschlechtlech Koppelen sech kënnen bestueden an Kanner adoptéieren – dat ass op
gesellschaftspoliteschen Plang e Quantensprong, deen vrun e puer Joër nach net denkbar war! Ech sin iwwerzeecht, dass zwou Fraën oder 2 Männer et faerdeg bréngen, Kanner genau esou gudd ze erzéien wéi Papp a Mamm ….an wéi seet meng bal 100-jähreg Bom ëmmer: ” Wann se frou mateneen sin……”
Zum Ofschloss S wéi ……Sprénger!
Ech hun d’lescht Woch kënnen a verschiddenen Kommissiounen ersetzen, wat mir erlabthuet méi gewuer ze gin iwwer den Enseignement Supérieur, de Contrôle Budgétaire, Petitiounen an Affaires Intérieures.
Informéiert hun ech mech awer och bei der Chambre des Salariés, bei der Fédération des Entrepreneurs an ech war bei der Diplomiwwerrechnug an der Philharmonie vun 800 Diplomer vun der LSC derbai.
Ganz speziell war awer och d'”Journée de la Mémoire de la Shoa“, daer ech am Lycée Michel Rodange mat ronn 200 Schüler konnt baiwunnen; Thema war de Sport ënner dem III.Reich !
E ganz starke Message huet de Premier Xavier Bettel un di Jonk geriicht, hei de Link dozou:





